Tote bag fir meng Fairtrade Produkter anzekafen

Dir hutt T-Shirten déi dir net méi unditt? Mir proposéieren iech eng ideal Upcycling Aktivitéit fir ärem T-Shirt en zweet Liewen ze ginn. Dir braucht keng Bitzmaschinn, et ass einfach a fir jiddereen accessibel!

Dat brauch ech :

  • En alen T-shirt
  • Eng Schéier
  • E Lineal
  • E Stëft

 Etappen:

  • Mam Lineal moossen wéi grouss den tote bag soll sinn a 5cm dobäi zielen
  • Mam décke Stëft de Grëff vum tote bag molen
  • D’Form ausschneiden, op den zwou Säiten vum T-shirt
  • Sträife schneiden déi 1,5cm breet sinn an 5 cm laang
  • T-shirt ëmdréien an ëmmer eng Sträif vu béid Säiten mateneen verbannen
  • Wann all Sträif verbonnen ass, T-shirt ëmdréien

 Gepackt !